Travel diary
     
  Travel diary  

Choose place :

Istanbul Türkéi

ÉisterräichSinn en Donneschden den Owend zu Istanbul ukomm. Wei ech e Sonnden fortgefuer sinn war dat scho lëschteg, op der Autobunn hunn läit gewénkt an zu Waasserbëlleg op der Tankstell koum e Mann bei mech à sot 'alles gudds dann' ech war e bësschen erstaunt well ech en net kannt hunn, mais hien sot 'ech hunn dech Gëschter am Fernseh gesinn, t'ass awer wäit, an dann esou eleng, also nach eng Kéier alles Guddes.
Ë nnerwee ass et ëmmer méi kal ginn bis et an Éisterräich en deckt Donnerwieder ginn ass. Zu Wien ukomm war ech trotz Reenkombi zoppnaass an den Daach duerno och erëm wonnerbar erkaalt. Sou hunn ech also beschloss en Dag zu Wien ze bleiwen, et wier och anescht schwéier gewiescht direkt weider ze fueren well Wien ass einfach super.

Ungarn

Ungarn waar 2/3 Autobunn, deen 1/3 Drëttel net Autobunn war awer flott mais lues. Dat bescht war den Douanier bei der Ausrees. Wou ech géing hi fueren? Ah, sou wäit. Hien war begeeschtert an huet gefrot 'Wells de keen Erennërungsstempel vun Ungarn an de Pass'? Natierlech, merci.



Rumanie Rumänien ass flott vun der Architektur an den Stied an vun der Hëllefsbereetschaft vun de Läit . Jiddereen huet eppes ze verkafen niewent der Strooss, Uebst a Geméis oder selwer gemaachten Dëscheldicher. Et ass awer vill Aarmut ënner de Läit an um Land fueren ganz vill Läit matt Pärdsgespanner wat natierlech dozou feiert dass et iwwerhaapt net virun geet, well d'Camionen net laanscht déi Gespanner kommen. An den Dierfer ass nëmmen d'Duerchgangsstrooss matt Makadam gemaach, de Rescht si Buedemwéer.
D'Läit si awer super do, all Mënsch wénkt (ech bräicht en drëtten Aarm vir zeréck ze wénken) an jiddwereen diskutéiert an obwuel mir eis Sproochen net verstinn klappen déi Diskussiounen wonnerbar. Wei ech um Rand vun der Strooss stoung en Apel z'Iessen huet en Mann matt sengem Pärdsgespann stall gehal an mir haten eng laang Diskussioun op Rumänesch, ech krut säin Gaart gewisen an Drauwen geschenkt. Wei ech gefrot hunn fir eng Foto dierfen ze maachen ass direkt nach e Mann sichen gaang an dunn ass d'Foto gemaach ginn, op ech him se géing schecken? Natierlech, kee Problem.

Bulgarien

An Bulgarien geet et och lues weider. Hei gëtt et esou guer nach Läit déi matt Ochsegespanner op der Strooss ënnerwee si. D'Läit si méi zeréckhalend wei an Rumänien mais awer ganz hëllefsbereet. Soubal ech iergendwou stinn hält een stall à freet wou de Problem ass.




TürkeiFir an d'Türkei an ze reesen ass net esou einfach, dauert 1 Sonn op der Grenz, ass awer eng lëschteg Prozedur. Et koum zu engem klengen Stau well deen Beamten wou dräi Formularen vuneneen trennt, een fir d'Läit , 2 fir an eng Këscht (Dreckskëscht?) net do war, also kann deen wou de Stempel an de Pass mécht an dernieft setzt natierlech näischt maachen, verständlech.

Dat féiert dozou dass ech am Donkelen (13,5 Stonnen fir 813 Km!!) zu Istanbul ukommen wat spektakulär ass. Op der Autobunn virun der Bosporusbreck muss een Péage bezuelen an do ass eng lass!! Ech verstinn elo firwat esou vill Türken an Däitschland Taxi fueren, et sin einfach super Chaufferen.

Istanbul ass immens, hei géing ech nawell gären méi laang bleiwen mais et kann een halt net alles hunn.



Copyright - "Ren on Tour" Photo Gallery web site